De Pechert on tour, ab Januar 2024 och an eiser Gemeng ! I De Pechert on tour, dès janvier 2024 également dans notre commune !28 décembre 2023

 

Dir wäert se sécherlech an deenen nächste Wochen ëmmer méi gesinn: D'Agente vum interkommunale Proximitéitsdéngscht maachen sech mat eisem Terrain vertraut.

Ab dem 01.01.2024 sinn si offiziell bei eis an der Gemeng aktiv.

Nodeems d’Gemenge Miersch, Lëntgen, Fëschbech an d’Fiels gutt Erfarunge gemaach hunn, hunn och mir eis zesumme mat der Gemeng Helperknapp dësem interkommunale Projet ugeschloss.

D’Agente wäerte bei der Schoul duerno kucke, datt kee mat de Kanner bis a de Klassesall fiert a generell fir en bëssen Uerdnung suergen.

Beim (Falsch)Parken awer och bei eisem Policereglement sinn si dofir zoustänneg d’Léit un d’Reegelen ze erënnere an wann et mat informéieren eleng net duer geet een ze “pechen”.

Doriwwer eraus kennen si d’Fëschereischäiner kontrolléieren an hu Befugnisser am Hondsgesetz.

Och wann si an deene genannte Punkte mam néidege Fangerspëtzegefill wäerte virgoen esou wéineg Verständnis hu si wann se Juegd op Ëmweltsünder maachen déi hiren Dréck am Bësch oder am ëffentleche Raum entsuergen. Niewent engem Protokoll vu bis zu 1000€ riskéiert een och nach eng Rechnung déi d’Gemeng fir d’Ewechmaache vum Dreck kann ausstellen.

D’Ekipp vu 6 Agente kennt Dir awer net nëmme bei hirer “normaler” Aarbecht begéinen, si encadréieren och d'Evenementer an der Gemeng, vun enger Preventiounscampagne fir d’Schoulrentrée iwwert d’Buergbrennen bis hin zu méi formellen Uläss wéi de Virowend vun Nationalfeierdag oder dem nationale Commemoratiounsdag.

Dir hutt Froen oder braucht Hëllef: Dir kennt si gären ënnert der Nummer 32 50 23 - 279 oder ënnert der E-mail agent@mersch.lu kontaktéieren.

An enger éischter Phase (01.01.-31.03.2024) ass eng Sensibliséierung virgesinn wou nach keen Avertissement taxé ausgestallt gëtt.

___________________

Vous allez certainement les apercevoir ces prochaines semaines: les agents du service intercommunal de proximité se familiariseront avec le territoire de notre commune.

A partir du 1er janvier 2024, ils seront officiellement actifs dans la commune de Lorentzweiler.

Après des retours très positifs de la part des communes de Mersch, Lintgen, Fischbach et de Larochette (Fiels), nous avons également décidé de rejoindre ce projet intercommunal ensemble avec la commune de Helperknapp.

Les agents assureront entre autre, que l'ordre public règne sur tout le territoire de la commune et aussi près de l'école.

Qu'il s'agisse de stationnements (inappropriés), mais aussi de respecter notre règlement de police, ils auront la responsabilité de rappeler les règles et, si cela ne suffit pas, de dresser des contraventions.

De plus, ils peuvent vérifier les permis de pêche et disposent de pouvoirs en matière de règlement relatifs aux chiens.

Même s'ils procèderont avec le doigté nécessaire sur les points mentionnés, ils ont très eu de compréhension lorsqu'ils chassent les pollueurs environnementaux qui déposent leurs déchets dans la forêt ou dans l'espace public. En plus d'une contravention pouvant aller jusqu'à 1000€, vous risquez également une facture que la commune peut émettre pour l'enlèvement des déchets.

Vous renconterez l'équipe de 6 agents non seulement pendant leur travail "quotidien", mais également lorsqu'ils encadreront des événements dans la commune, lors de la campagne de prévention de la rentrée scolaire au "Buergbrennen" en passant par des événements plus formels tels que la veille de la Fête Nationale ou encore de la journée de la commémoration nationale.

Vous avez des questions ou besoin d'aide, alors adressez-vous au numéro de téléphone 32 50 23 - 279 ou envoyez un courriel à agent@mersch.lu.

Dans une première phase de sensibilisation (01.01.-31.03.2024), une sensibilisation est prévue dans laquelle aucun avertissement taxé n'est encore émis.