Mullefest a Lëtzebuerger Kascht
28 September 2025 Centre culturel Helmdange

Mullefest a Lëtzebuerger Kascht 27. & 28.09.2025
Samschdes Owes, de 27. September 2025 a Sonndes Mëttes, de 28. September 2025 organiséiere mir nees eisen traditionelle Weekend mat Mullen a Lëtzebuerger Kascht.
Mir bidden un:
- Apéro Samschdes ab 18h30 a Sonndes ab 11h00
- Amuse-Bouche bei all Plat
- Mullen au Riesling mat Fritten
- Mullen à la Crème mat Fritten
- Mullen à la Provençale (All Ernesto) mat Fritten
- Ham, Fritten an Zalot
- Bouchée à la Reine mat Fritten an Zalot
- Saumon fumé mat Gromperekichelcher
- Gromperekichelcher mat Äppelkompott
- Kannermenu (kleng Bouchée à la Reine mat Fritten)
- Schwarzwälder (Hausgemaach)
- Äppeltaart mat enger Boule Vanille
- Grouss Tombola déi zwee Deeg
Solls Du een oder souguer déi zwee Deeg Loscht an Zäit hunn, da wiere mir frou, wanns Du mat Famill oder Frënn géifs bei eis an de Centre Culturel op Hielem laanscht kommen.
Mir garantéiere wéi all Joers ee gudde Maufel an e sëffege Patt.
Umeldungen w.e.g. bis spéitstens Mëttwochs, den 24. September 2025 iwwert dësen Link oder beim Billy KREMER um Telefon 691 629 276.
Mir wäre frou, Dech de Weekend vum 27ten/28ten September 2025 ze gesinn.
Matt deene beschte Gréiss am viraus an hoffentlech bis geschwënn.
De Comité vum FCL,

Centre culturel Helmdange
120 Route de Luxembourg, 7373 Helmdange Lorentzweiler, Luxembourg