Journée de Commémoration nationale I Nationale Gedenkdag I 12.10.202401 octobre 2024

 

De Schäffen- a Gemengerot invitéiert all Matbierger vun der Gemeng Luerenzweiler fir un de Feierlechkeete vum Nationale Gedenkdag (Kommemoratiounsdag) deelzehuelen.

Samschden, den 12. Oktober 2024 um 17.15 Auer zu Luerenzweiler, Place Ferd. Dostert

Um Nationale Kommemoratiounsdag denke mir un déi schrecklech Joren déi d’Lëtzebuerger Vollek ënnert anerem vun 1940 bis 1945 erlieft huet.

Loosst eis net vergiessen, wat si deemools op sech geholl hunn an wéi vill vun hinnen hiert Liewe gelooss hunn, fir erëm Fridden, Gerechtegkeet an Fräiheet ze hunn! D’Befreiung ass ee wichtegt Zeechen vu Nationalem Zesummenhalt an dofir wiere mir frou, wa vill Leit un dëser Zeremonie deelhuele géifen.

Programm vun de Feierlechkeeten:

  • 17.15 Nidderleeë vun enger Gerbe beim Monument aux Morts (Place Ferd. Dostert) zu Luerenzweiler
  • 17.45 Gedenkzeremonie an der Kierch zu Luerenzweiler.

Är Participatioun ass e wichtegt Zeeche vu Respekt an Unerkennung fir eis Affer vun Diktatur a Krich.

----------------------------------

Chaque année, cette journée est consacrée au souvenir de la lutte menée par le peuple luxembourgeois pendant la deuxième guerre mondiale de 1940 à 1945.

La journée a été fixée cette année au samedi, 12 octobre à 17.15 heures à la place Ferd. Dostert à Lorentzweiler.

Une gerbe sera déposée au Monument aux Morts par le Conseil communal. La messe à l'église paroissiale de Lorentzweiler aura lieu vers 17h45.

N’oublions pas ce que les gens de cette terrible l’époque ont pris sur eux et tous ceux qui y ont laissé leur vie, pour cela nous vous prions de bien vouloir assister à cette cérémonie.