MyGuichet.lu I Certificats online bestellen an aner administrativ Démarchen ufroen19 juillet 2023

Iwwer de Portal Guichet.lu fënnt ee bei MyGuichet.lu op enger eenzeger Plaz eng grouss Auswiel vun online Servicer vum Lëtzebuerger Staat.

Dës Plattform, déi sech gradesou un d’Bierger wéi un d’Entreprisë riicht, erméiglecht Iech den Zougang zu ganz villen administrativen Démarchen.

Dank MyGuichet.lu kënnt Dir online e Formulaire ausfëllen, en elektronesch ënnerschreiwen, eventuell Beleeger bäileeën an en un déi kompetent Administratioun weiderschécken.

Mee dat ass net alles! Vun Ären Donnéeën, déi d’Administratioune vun Iech repertoriéiert hunn, kënnt Dir gewëssener och iwwer MyGuichet.lu ofruffen, se iwwerpréiwen an se am Fall vun engem Iertum änneren, oder Dir kënnt Iech an Ärem perséinlechen, zu 100% gesécherte Beräich offiziell Dokumenter ufroen an erausdrécken (eDelivery).
Dëst alles, ouni misse virun d’Dier ze goen!

  • E PUER BEISPILLER VU SERVICER
    • säin  Detail vum Remboursement vun der Krankekeess gewuer ginn
    • eng Bourse am Kader vun engem Héichschoulstudium ufroen
    • sech e Certificat de résidence erausdrécken
    • seng Steieren iwwer en Décompte annuel regulariséieren
    • en extrait aus dem casier judiciaire ufroen
    • Kannergeld ufroen

Hei fannt Dir d'Brochure MyGuichet.lu fir nozeliesen op verschidde Sproochen (L, D, GB, F):