SICONA I Méi net am Mee28 avril 2025

Loosst äre Wues wuessen an hëlleft eise Bestëbser! 

Wéi kann ech matmaachen?
Bei engem vun de Partner vum Projet kritt dir e Sticker, deen dir iech op d’Bréifkëscht pechen an sou är Participatioun weise kënnt.
Fotoe vun ärem Gaart kënnt dir bei eis ob moien@sias.lu era schécken an sou un engem Gewënnspill deelhuelen.
Dir kënnt är Fotoen och gären ob de soziale Medie mam #BlummefirBestëbser deelen.

Wat sinn d’Spillreegelen?
D’Spillreegelen si ganz einfach: Dir méit net am Mee. Dir musst dobäi net onbedéngt dee ganze Wuess stoe loossen, mee kënnt och just en Deel dervu wuesse loossen.

A wéi hëllefen ech domat de Bestëbser?
Wann een d’Méimaschinn am Fréijoer méi laang stoe léisst, dann hunn d’Déieren, déi am Buedem oder un de Grashällem iwwerwanteren, eng besser Chance ze iwwerliewen. An der méi spéit geméiter Wiss kënnen sech wëll Kraider usidelen. Eng propper geméite Wiss bitt kee Liewensraum fir eis Insekten, an ass donieft och net un de Klimawandel ugepasst.

Weider Informatiounen:
www.sias.lu
#BlummefirBestëbser
moien@sias.lu

Laissez pousser le gazon et aidez les pollinisateurs ! 

Comment puis-je participer?
Vous pouvez obtenir un autocollant auprès de l'un des partenaires du projet. Vous pouvez le coller sur votre boîte aux lettres pour montrer votre engagement. Vous pouvez envoyer des photos de votre jardin à moien@sias.lu pour participer à notre jeu-concours et vous pouvez partager vos photos sur les réseaux sociaux avec #BlummefirBestëbser.

Quelles sont les règles du jeu ? 

Les règles du jeu sont simples : ne tondez pas en mai. Vous n‘êtes pas obligé de laisser pousser toute la pelouse, vous pouvez n'en épargner qu'une partie. 

Et comment cela aide-t-il les pollinisateurs ? 

Plus la faucheuse reste silencieuse au printemps, plus les animaux qui hibernent au sol ou sur les brins d‘herbe ont de chances à survivre. De plus, si la prairie est fauchée tardivement, des herbes sauvages peuvent s‘installer. Une prairie tondue à blanc n‘offre aucun habitat aux insectes et ne permet pas de s'adapter au changement climatique. 

Plus d‘informations:
www.sias.lu
#BlummefirBestëbser
moien@sias.lu