Sportleréierung 2022
Mérite sportif 202216 juin 2022

SPORTLERÉIERUNG / MERITE SPORTIF 2022

Fir d’Sportleréierung kënnen z‘organiséieren, maachen d’Gemeng Luerenzweiler an d’Sportskommissioun an Zesummenarbescht mat der Entente des Sociétés en Opruff un Iech alleguer fir déi verdéngschtvoll Sportler/Ekippen ze mellen.

D’Sportleréierung wäert de 14. Juli 2022 um 19:00 Auer am Sitzungssall vun der Gemeng stattfannen, wou all individuell Sportler an Ekippe geéiert ginn!

Gitt Är Umeldungen iwwert de Formulaire wgl. bis spéitstens den 1. Juli 2022 op der Gemeng Luerenzweiler of.